Bienvenue op .dok.lu

Eist Konzept: wat ass .dok?

Déi eng soen „dok TV“, anerer „dok.lu“, nach anerer einfach „den dok“ …

.dok ass e Begrëff, den oppene Kanal huet eng fest Plaz an der Lëtzebuerger TV-Landschaft.

Wat ass d’Konzept?

Am Januar 2004 ass .dok lancéiert ginn.

D’Idee war, deemools wéi haut, eng Plattform ze bidden, op där jidderee weise kann wat ee wëll – virausgesat dat, wat gewise soll ginn, verstéisst nët géint de Cahier des charges vun der Regierung.

Empfang

Eltrona Tele vun der Post an och op der Ap vun der Post.
.dok um Letzebuerger Kanal mat eise Partner Uelzechtkanal a Nordliicht TV.

.dok ass op fir alles an op fir jiddereen.

Et hunn der scho vill dervu profitéiert. Mat villerlee: Gemenge-Sendung, Documentaire a Reportage, Talkshow, Mouden-Défilé, Oktav-Andacht, Politiker-Blog an Interview, Sportsémissioun, Musek-Clip, Auto-Test, juristesch Berodung, Immobilien-Annonce, Pressekonferenz, an an an ….

YouTube Kanal Logo: .dok HD - den oppene kanal

An de Präiss?

Fir 2,50 € pro Minutt – bei Widderhuelungen suguer nëmmen 1 € pro Minutt - brengt .dok all Film, all Emissioun, all Video a méi wi 120.000 Stéit (Link op Empfang) hei am Land. Dee Präiss huet déi 10 Joer nët gännert !

.dok weist och Är Publicitéiten, wann Dir dat wëllt. Fir déi genee Conditiounen, kontaktéiert eis: 2610 2610 oder info@dok.lu.

.dok ass de Programm dee weist, wat Dir weise wëllt !

Dir braucht Hëllef?

Dir wéillt eppes weisen, hutt awer keng Méiglechkeet selwer ze filmen oder filmen ze loossen? Da mellt ierch op info@dok.lu.